Invitation

bullet  BACK2MAC

Up

 

MCB ’82 Revival Night Part II

 

Wât war...

Et war emol…

 

viru ronn 20 Joer an irgend engem Café zu Bettendorf... oder zu Reisdorf, daat wees haut keen mei seu ganz genau, weou sech puer Leit emmer getraff hun, dei soss emmer zesummen Motorad gefuhr sinn. No puer Mini ass dunn irgendwann d’Idee vun engem Motoradsclub opkomm, gleich drop ass et och schon den „MC Bettendorf 82“ ginn.

Motiv

Ab dunn as sech regelmässeg zu Bettendorf am Café Kinn getraff ginn, an et sinn och dunn divers an fragwürdeg Fester organiseiert, an virun allen Denger och gefeiert ginn. Et sief hei nemmen un dei legendär Steenkaulen vun Bettendorf, Gilsdorf an Beafort errenert. Mee och anner Sortien waren net manner intressant: Francochon au Lait, Brienz, dirvers Beierkurssen (ähm, Birgkurssen), die Wiese etc, etc, etc...

 Motiv

Seu schein wei et och emmer war, et huet missen kommen wei emmer kennt! Dei eng hâten keng Loscht mei, dei anner keng Zeit, haaten d’ganz Woch Mettesschicht oder sin einfach nemmen Bestuet ginn, an schon as et den MCB’82 net mei ginn.

Motiv

 Mee bon...

Motiv

BIKER’s strike back...

...huet et viru nemmen 2 Joer, engem Meunt an engem Dach geheescht. Daat war eng seu Art Test-Wiese, einfach fir mol ze kucken weivill vun deene aalen Biker nach liewen geifen... Erstaunlecherweis waren och vill Leit do an hun bis frei an den Moien gesoff (ähm, diskuteiert heescht daat jo haut)

 Motiv

Leider konnten mir demols, aus Grenn vun akutem Plaatzmangel, d’Leit net all rufen an verschiddener sinn och ganz einfach vergiess gin, oder mir hun d’Adressen net fond, etc…

 Motiv

Daat geschidd eis net nachenkeier! J oder besser...

Dei Responsabiliteit ginn mir einfach un Dech ôf. (Tjo, t’as hart vir dech an eichfach vir eis, mee t’as no mol seu)

Motiv

BIKER’s strike back – Part II

 

MCB’82 Revival Night 2002, oder mei genau den 2ten August 2002

20 bzw. 2 Joer duerno ass et rem seuweit:

“Die Wiese 3” get zu Steën an der Schrontweilerstrooss zelebreiert.

Motiv

 Gesöffs, Musek, Feier an een Grill sinn do. Ween eppes essen well, brengt sech w.e.g eppes mat! Daat ganzt ass och mat euni Keschten verbonnen! Ween well kann sech awer un den Onkeschten bedelgen, mir stellen eng Spuersau op an jiddereen kann (muss awer net) do eppes fir “Die Wiese 4” drangeheien. Ween fir “Die Wiese 4” gären eng schreftlech Invitatieun hät muss seng Adress mat engem “Burn Out” oder engem gekonnten “Doughnut” op Strooss schreiwen.

Waat nach?

Ween wellt kann sech unmelden, ween net wellt list et einfach sinn.

Motiv

Et kennt ween kennt

Motiv

Et geht bis “Open End”

Motiv

Et get keen Opstand zu Steën

Motiv

Daat man “Burn Out” war een Witz

Motiv

Daat mam “Doughnut” och

Motiv

Daat mat der Adress net

! ! ! WICHTEG ! ! !

Elo as et un Dir/Iech, vir all dei Leit dei dir kennt an irgendwini dobei waren, oder et gären gewiest wieren, oder mat deenen dir haut vill kontakt huet, also Leit weou dir mengt se passen dobei, unzerufen oder ze Schreiwen, ze Mailen, mat Dampzeechen, ze Faxen, ze Rufen, ze Trommlen, oder etc.. an ze frohen:

“Kennst Du den 2ten August op Steën?”

 

OK, mir weesen och net wei een daat per Dampzeechen oder per Trommlen mescht an schon iwerhaapt net wei een daat per etc.. mescht, mee daat kann eis jo och ganz egal sinn, well deikeier ass et un Dir/Iech d’Leit ze rufen! Cool Idee, gell? J

 

Mir hoffen just das dir all kommt an dass dir all är aal Fotoen matbrengt... puer seu Rariteiten get et och schon am Internet enner http://www.mcb82.com

 

Vir weider Frohen:   

                    Motiv

                                    Arm                 ) 021188854

Wuschel           ) 091116250

Jacco               ) 091116253

Send mail to webmaster@mcb82.com with questions or comments about this web site.
Copyright © 2002 MC Bettendorf 82
Last modified: 01/09/08