Invitation

bullet  BACK2MAC

Up

 

MCB ’82 Revival Night Part III 

oder och "Die Wiese 4"

...den 18ten September ze Berdorf

Wât war...

Et war emol…

 viru iwer 20 Joer an irgend engem Café zu Bettendorf... oder zu Reisdorf, daat wees haut keen mei seu ganz genau, weou sech puer Leit emmer getraff hun, dei soss emmer zesummen Motorad gefuhr sinn. No puer Mini ass dunn irgendwann d’Idee vun engem Motoradsclub opkomm, gleich drop ass et och schon den „MC Bettendorf 82“ ginn.

Ab dunn as sech regelmässeg zu Bettendorf am Café Kinn getraff ginn, an et sinn och dunn divers an fragwürdeg Fester organiseiert, an virun allen Denger och gefeiert ginn. Et sief hei nemmen un dei legendär Steenkaulen vun Bettendorf, Gilsdorf an Beafort errenert. Mee och anner Sortien waren net manner intressant: Francochon au Lait, Brienz, dirvers Beierkurssen (ähm, Birgkurssen), die Wiese etc, etc, etc...

Seu schein wei et och emmer war, et huet missen kommen wei emmer kennt! Dei eng hâten keng Loscht mei, dei anner keng Zeit, haaten d’ganz Woch Mettesschicht oder sin einfach nemmen Bestuet ginn, an schon as et den MCB’82 net mei ginn.

 Mee bon...

BIKER’s strike back Part1&2...

...huet et viru nemmen 2 Joer bzw. 4Joer  geheescht. Daat eicht war esou eng Art Test-Wiese, einfach fir mol ze kucken weivill vun deene aalen Biker nach liewen geifen... Erstaunlecherweis waren och vill Leit do an hun bis frei an den Moien gesoff (ähm, diskuteiert heescht daat jo haut)... Part2 ze Stegen huet Part 1 an neicht no gestaanen...

Leider konnten mir demols, aus Grenn vun akutem Plaatzmangel, d’Leit net all rufen an verschiddener sinn och ganz einfach vergiess gin, oder mir hun d’Adressen net fond, etc…

Daat geschidd eis net nachenkeier! J oder besser...

Dei Responsabiliteit ginn mir wei emmer einfach un Iech ôf. (Tjo, t’as hart vir Iech an eichfach vir eis, mee t’as no mol seu)

BIKER’s strike back – Part III

 MCB’82 Revival Night 2004, oder mei genau den 18-19ten September 2004

22 bzw. 2 Joer bzw. 4 Joer duerno ass et rem seuweit:

                                       

“Die Wiese 4” get zu Berdorf - Birkelt beim Arm zelebreiert.

Gesöffs, Musek, Feier, de weltberühmten Chilibeans an een Grill sinn do. Ween eppes grillen well, brengt sech w.e.g eppes mat! Daat ganzt ass och mat euni Keschten verbonnen! Ween well kann sech awer un den Onkeschten bedelgen, mir stellen eng Spuersau op, an jiddereen kann  do eppes fir “Die Wiese 5” drangeheien. Ween fir “Die Wiese 5” gären eng schreftlech Invitatieun hät muss seng Adress mat engem “Burn Out” oder engem gekonnten “Doughnut” op Strooss schreiwen oder och an Spuersau geheien.

Waat nach?

Ween wellt kann sech unmelden, ween net wellt list et einfach sinn.

Et kennt ween kennt

Et geht bis “Open End”

Et get keen Opstand zu Berdorf

Daat man “Burn Out” war een Witz

Daat mam “Doughnut” och

Daat mat der Adress net

! ! ! WICHTEG ! ! !

Elo as et un Iech, vir all dei Leit dei dir kennt an irgendwini dobei waren, oder et gären gewiest wieren, oder mat deenen dir haut vill kontakt huet, also Leit weou dir mengt se passen dobei, unzerufen oder ze Schreiwen, ze Mailen, mat Dampzeechen, ze Faxen, ze Rufen, ze Trommlen, oder etc.. an ze frohen:

“Kennst Du den 18ten bis 19ten September op Birkelt?”

 

OK, mir weesen och net wei een daat per Dampzeechen oder per Trommlen mescht an schon iwerhaapt net wei een daat per etc.. mescht, mee daat kann eis jo och ganz egal sinn, well deikeier ass et un Iech d’Leit ze rufen! Cool Idee, gell? J

 

Mir hoffen just das dir all kommt an dass dir all är aal Fotoen matbrengt... puer seu Rariteiten get et och schon am Internet enner http://www.mcb82.com

 

Vir weider Frohen:   

                    MotivMotivMotiv

                                    Arm  ) 021188854

Wuschel ) 091116250

Jacco ) 091116253

                                    Wurmi ) 021136920

                                    Chantal ) 021218873

Hugo ) 091808109

Mick ) 091335607

 

Send mail to webmaster@mcb82.com with questions or comments about this web site.
Copyright © 2002 MC Bettendorf 82
Last modified: 01/09/08